Sécherheetssystemer op Mooss

Dir wëllt Iech an Är Proprietéit schützen?

Mir bidden Iech Sécherheetssystemer op Mooss un a garantéieren Iech den héchstméiglechste Schutz. Mir maachen alles dofir, Iech mat onser Aarbecht an dem konforme fonctionnéieren vun Äre Sécherheetssystemer zefridden ze stellen.

D’Sécherheet, eis Passioun, se ze realiséieren, eis Professioun.

Iwwer Ons

High-Tech Imp-Ex ass e Familljebetrib, deen 1987 vum Loris Mariotto gegrënnt gouf. Mier beroden, installéieren an maachen den Entretien. Mat iwwer 30 Joer Weiderentwécklung an Erfahrung gehéiere mir zu den eelsten Ubidder vun Alarmanlagen zu Lëtzebuerg. Mir sinn en Team vun Experten an der Sécherheetstechnik fir Handel, Industrie a privat Haushalter an iwwerzeegen och no der Installatioun mat engem exzellenten Service après-vente.

offiziellen AWACS Distributeur

Onst Verspriechen

Mir maachen alles, fir datt Dir mat onser Aarbecht an dem uerdnungsgeméisse Funktionéiere vun Äre Sécherheetssystemer voll an ganz zefridde sidd.

Bestellt onse
Produktkatalog